Sobre opus 100.7 FM
opus 100,7 ass de Radio fir klassesch Musek zu Lëtzebuerg. Getrei sengem Motto “Fill dech doheem, iwwerall“, iwwerléisst den opus 100,7 a senger Museksprogrammatioun där ganz dynamescher Lëtzebuerger Musekszeen vill Plaz. Iwwer 20 Prozent vun der Sendezäit si Produktioune respektiv Museker a Musekerinne vu Lëtzebuerg dediéiert, mat enger staarker Relatioun zur nationaler Musekszeen. Nieft Musek offréiert de Radio Album-Bespriechungen an Interviewen iwwer aktuell Projeten, thematesch Emissioune souwéi d‘Concertsopnamen a Live-Iwwerdroungen. De Sender kann dobäi och op exklusiv Concertsopnamen zeréckgräifen: Dat sinn an der Reegel iwwer 80 Concerten d’Joer, déi zum Deel och iwwer d‘Euroradio Netzwierk vun der European Broadcasting Union (EBU) international verdeelt ginn. Zousätzlech iwwerhëlt den opus 100,7 Noriichten, Trafic-Infoen a Wiederprevisioune vu sengem Schwëstersender radio 100,7. De Radiosender opus 100,7 gëtt am allgemengen Interessi vum ëffentlech-rechtlechen Etablissement Média de service public 100,7 bedriwwen. Méi Informatiounen an och Podcaste vun de Sendunge fënnt een um Internet op www.opus.radio.
Frequências
-
Luxemburgo
100.7 FM
Contatos
Website
www.opus.radio
Morada
21a avenue JF Kennedy L-1855 Luxembourg
Telefone
+3524400441
E-mail
info@100komma7.lu
Monitoramento de transmissão por ACRCloud
Rádios relacionadas
Encontre sua rádio